E Russ an en Amerikaner um schwaarz-wäisse Schachbriet, zwee Schwede mat musikaleschen Andréck aus enger faarweger Metropol an en Englänner, dee just geschwat huet.
Vum Glenn Miller bis bei den Erich Honecker - eréischt 1990 ass den Udo Lindenberg mam Zuch ukomm a säin Dram vun enger DDR-Tournée an Erfëllung gaangen.
Brudder a Schwëster - dat geet net ëmmer riicht aus an der Famill. An deem heite Fall war et déi perfekt Relatioun, wuel och well de Brudder alles anescht ewéi egoistesch war.
Léift op den éischte Bléck, e musikalesche "clin d'oeil" a Richtung 60ties an eng Véierelstonn Konzentratioun. "The Knack" verdanken hire Welthit enger jonker Studentin an engem Kleederbuttek.
Zwee Frënn an eng Nuecht mat vill Alkohol an haarder Musek. A moies fréi kann ee sech dann un net méi vill erënneren. De Ray Davis hat awer gutt opgepasst.
E Film iwwert den Zauberkënschtler Houdini, de Mord um John Lennon an e Multiinstrumentalist deen net am Mëttelpunkt stoen. An eng schottesch Sängerin huet deem Ganzen d'Kroun opgesat.
De Jean-Jacques Goldman war scho bal verzweiwelt. Bis ëm eng Stëmm aus der Paräisser Metro zu engem risege Succès verhollef huet. Leider mat engem trageschen Enn.
Hire gréissten Hit war bal an der Poubelle gelant. Wat d'Casinoen zu Las Vegas mam ägypteschen Horus-A verbënnt a wat den Alan Parsons Project enger klenger Instrumentalnummer ze verdanken huet.
De Fils vun engem berüümte Papp ze sinn ass net ëmmer vu Virdeel. De Kennedy William Gordy alias "Rockwell" hat awer d'Chance och nach e prominente Schoulfrënd ze hunn.